• #liesenassgesond Episode 11 - Ian De Toffoli
    2021/07/08

    De Ian de Toffoli ass Auteur, Dramatursch, Chercheur op der Uni, wou hien och Litteratur an Théorie littéraire enseignéiert. Mais onsen Invité ass och Editeur. Hien huet ab 2012 de Verlag Hydre Editions opgebaut, den hien co-dirigéiert an ass säit 2018 President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.  Säin éischte Roman “De Solitudinis Arte, le mythe de Narcisse”, huet hien 2001 nach während senger Studentenzäit zu Paräis erausbruecht. Mais säin Häerz schléit och ganz staark fir den Theater. Säin éischt Stéck, “L’Annonce” gouf 2009 am Ettelbrécker CAPE an am Nowy Teatr zu Warschau gespillt. 2012 war hien Auteur en Résidence am Théatre National du Luxembourg an huet 2019 bei enger Pépinière vu Projeten vum Conseil international du Théâtre francophone an der Schwäiz.  Dëst Jor huet de Ian de Toffoli mat “Terres Arides” mam Théatre du Centaure op d’Bühn bruecht a “Staycation” mam Kasemattentheater. Mee wéi eng literaresch Wierker inspiréieren hien? Doriwwer hu mir mat him an dësem Podcast geschwat.  

    続きを読む 一部表示
    14 分
  • #liesenassgesond Episode 10 - Yorick Schmit
    2021/07/08

    De Yorick Schmit, Joergank 1986, ass  ausgebilten Germanist an Amerikanist, huet awer och eng formation continue a Lëtzebuerger Sprooch a Kultur absolvéiert. Hien huet eng Zäit fir de Lëtzebuerger Resistenzmusée geschafft a schafft haut am Service Livres vun der Nationalbibliothéik. Hien publizéiert awer och säit laangem. 2014 hutt Dir d’Kuerzerzielung “Paenitentia” verëffentlecht. 2018 koum vun Iech den Erzielungsband “Der Geruch der Erde nach dem Regen” eraus. Méi rezent huet hien zesumme mam Dirk Kesseler, “D’Sandmeedchen” verëffentlecht, dat éischt Augmented Reality-Kannerbuch zu Lëtzebuerg a “Weeër a Spueren”, eng Kuerzgeschicht aus enger lëtzebuergescher Familljechronik. A wat liest hien selwer? Äntwerten an dësem Podcast.

    続きを読む 一部表示
    14 分
  • #liesenassgesond Podcast Episode 9 - Claude Meisch
    2021/07/01

    De Claude Meisch ass Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a fir Héichschoul a Fuerschung zanter Enn 2013. Den DP-Politiker ass scho laang dobäi. Mat knapp 27 Joer koum de géléierten Wirtschaftsmathematiker eng éischte Kéier an d’Chamber. Dat war 1999. Vun 2004 bis 2013 stoung heen un der Spëtzt vu senger Partei. Vill mat Schoulen ze dinn hat de Claude Meisch och scho viru senger Zäit als Minister, wëll hie war vun 2002 bis 2013 Buergermeeschter vun der Stad Déifferdeng. Am Podcast #liesenassgesond verzielt hien, wat hien grad liest a wéi eng Bicher hien inspiréiert huet.

    続きを読む 一部表示
    14 分
  • #liesenassgesond Podcast Episode 8 - Valerija Berdi
    2021/07/01

    D’Valerija Berdi ass vu Beruff Grondschouljoffer, mee ville Leit ass si virun allem als Kulturjournalistin bei Radio 100,7 bekannt, wou si säit 2015 schafft an zanterhir eng Hëllewull vun Bicher- an Theaterrezensiounen diffuséiert huet. Mee d’Valerija Berdi schreift och Bäiträg fir divers Publikatiounen an huet och Theaterstécker an Erzielunge verfaasst. Fir d’Wierk “Wenn Erinnerungen schwimmen können...” krut si 1996 den éischte Präis beim Concours littéraire national. Et ass dëst eng Erzielung iwwer d’Krichsenn a Jugoslawien, wou d’Valerija Berdi 1966 gebuer gouf. Photo: Philippe Matsas.

    続きを読む 一部表示
    8 分
  • #liesenassgesond Podcast Episode 7 - Estelle Née & Kimon Leners
    2021/06/24

    D’Estelle Née studéiert Droit op der Uni Lëtzebuerg a ass scho méi laang an der UNEL, der SchülerInnen a Studéierenden-Gewerkschaft engagéiert. De Kimon Leners, geet an de Lycée des Arts et Métiers an ass säit President vun der nationaler Schülerkonferenz (CNEL).  Mir hu mat deenen zwee driwwer geschwat, wat si gäre liesen a wéi eng Bicher si markéiert hunn.

    続きを読む 一部表示
    10 分
  • #liesenassgesond Podcast Episode 6 - Serge Tonnar
    2021/06/17

    Wee kennt dem Serge Tonnar seng Stëmm net?: hien ass säit e puer Joerzéngten ënnerwee als Komponist, Sänger a Museksproduzent. Gespillt huet hien ënner anerem mat Blue Screw, Battaklang, Taboola Rasa, Zap Zoo a Legotrip. Mat hinnen huet hien oft gesellschaftskritesch Texter op d’Bün bruecht. Apropos Bün: Dem Serge Tonnar säin Häerz schléit och staark fir den Theater. Zesumme mam Claude Mangen huet hien 1995 déi onofhängeg Kulturvereenegung a Produktiounsgesellschaft Maskénada gegrënnt. Vun 2008 bis 2012 war hien President vun der Theaterfederatioun an huet en etlech Stécker geschriwwen wéi Talkshow, Exit Lëtzebuerg a Superstar. Op der Bün steet hien och selwer gär als Schauspiller. Zimmlech rezent ass hien och ënner d’Iwwersetzer gaangen an huet 2019 den Tao Te King vum Laotse iwwersat. 

    続きを読む 一部表示
    26 分
  • #liesenassgesond Podcast Episode 5 - Claire Wampach
    2021/06/10

    D'Claire Wampach ass als Cloe von Van ganz aktiv op de sozialen Netzwierker. Hat ass besonnesch op Tiktok ënnerwee, wou hat mëttlerweil 41.000 Follower aus der ganzer Welt huet. Am Podcast huet hat ons gezielt, wat hat gäre liest.  

    続きを読む 一部表示
    8 分
  • #liesenassgesond Podcast Episode 4 - Anne-Marie Reuter
    2021/06/04

    Anne-Marie Reuter has been an English Teacher for more than 25 years. She is also a writer and a translator. In 2017, she published “On the Edge”, a collection of short stories with Black Fountain Press, country’s first publishing house for luxembourgish literature in English, which she co-founded with Nathalie Jacoby, Jeff Thill and Laurent Fels. In 2018, she published “one day I will write a poem”, a selection of some of Lambert Schlechters poems. More recently, she published the novel “Blue” at Red Fox Press in Ireland. She's our guest for this podcast.

    続きを読む 一部表示
    15 分