『#liesenassgesond: eng Initiativ vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse』のカバーアート

#liesenassgesond: eng Initiativ vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

#liesenassgesond: eng Initiativ vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

著者: Claude
無料で聴く

このコンテンツについて

Liesen huet nach ni engem geschuet a mir liesen den Dag iwwer méi wéi mir mengen, mä maach et mol bewosst! Hues du eng Liiblingsserie? Liiblingsfilm? Déi baséieren zum gudden Deel op Bicher, kee Witz! Och Game of Thrones. Drama, Science Fiction, Thriller, Krimi, Tragedie oder Gedichter ass net alles. Et ginn och Zeitungen, Magasinner, Héierbicher, Podcasts, Sachbicher. Vill vun iech hunn nach d’Bicher aus der Schoul am Kapp iwwert déi méi oder manner erfollegräich Prüfunge geschriwwe goufen, mä liese besteet aus souvill méi. Wann s du iergendwou an d’Vakanz gees, informéiers du dech do net och iwwert déi Plaz wou s du higees? Richteg, du lies eppes driwwer. Dëse Projet ass do fir d’Liesen an de Mëttelpunkt ze stellen, well #liesenassgesond. Am Kader vun dëser Campagne sinn och Podcasten gemaach ginn mat Invitéeën aus verschidde Beräicher. Neier kommen a reegelméissegen Ofstänn dobäit. Genéisst ët.© 2023 #liesenassgesond: eng Initiativ vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse アート 文学史・文学批評
エピソード
  • #liesenassgesond Episode 11 - Ian De Toffoli
    2021/07/08

    De Ian de Toffoli ass Auteur, Dramatursch, Chercheur op der Uni, wou hien och Litteratur an Théorie littéraire enseignéiert. Mais onsen Invité ass och Editeur. Hien huet ab 2012 de Verlag Hydre Editions opgebaut, den hien co-dirigéiert an ass säit 2018 President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.  Säin éischte Roman “De Solitudinis Arte, le mythe de Narcisse”, huet hien 2001 nach während senger Studentenzäit zu Paräis erausbruecht. Mais säin Häerz schléit och ganz staark fir den Theater. Säin éischt Stéck, “L’Annonce” gouf 2009 am Ettelbrécker CAPE an am Nowy Teatr zu Warschau gespillt. 2012 war hien Auteur en Résidence am Théatre National du Luxembourg an huet 2019 bei enger Pépinière vu Projeten vum Conseil international du Théâtre francophone an der Schwäiz.  Dëst Jor huet de Ian de Toffoli mat “Terres Arides” mam Théatre du Centaure op d’Bühn bruecht a “Staycation” mam Kasemattentheater. Mee wéi eng literaresch Wierker inspiréieren hien? Doriwwer hu mir mat him an dësem Podcast geschwat.  

    続きを読む 一部表示
    14 分
  • #liesenassgesond Episode 10 - Yorick Schmit
    2021/07/08

    De Yorick Schmit, Joergank 1986, ass  ausgebilten Germanist an Amerikanist, huet awer och eng formation continue a Lëtzebuerger Sprooch a Kultur absolvéiert. Hien huet eng Zäit fir de Lëtzebuerger Resistenzmusée geschafft a schafft haut am Service Livres vun der Nationalbibliothéik. Hien publizéiert awer och säit laangem. 2014 hutt Dir d’Kuerzerzielung “Paenitentia” verëffentlecht. 2018 koum vun Iech den Erzielungsband “Der Geruch der Erde nach dem Regen” eraus. Méi rezent huet hien zesumme mam Dirk Kesseler, “D’Sandmeedchen” verëffentlecht, dat éischt Augmented Reality-Kannerbuch zu Lëtzebuerg a “Weeër a Spueren”, eng Kuerzgeschicht aus enger lëtzebuergescher Familljechronik. A wat liest hien selwer? Äntwerten an dësem Podcast.

    続きを読む 一部表示
    14 分
  • #liesenassgesond Podcast Episode 9 - Claude Meisch
    2021/07/01

    De Claude Meisch ass Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a fir Héichschoul a Fuerschung zanter Enn 2013. Den DP-Politiker ass scho laang dobäi. Mat knapp 27 Joer koum de géléierten Wirtschaftsmathematiker eng éischte Kéier an d’Chamber. Dat war 1999. Vun 2004 bis 2013 stoung heen un der Spëtzt vu senger Partei. Vill mat Schoulen ze dinn hat de Claude Meisch och scho viru senger Zäit als Minister, wëll hie war vun 2002 bis 2013 Buergermeeschter vun der Stad Déifferdeng. Am Podcast #liesenassgesond verzielt hien, wat hien grad liest a wéi eng Bicher hien inspiréiert huet.

    続きを読む 一部表示
    14 分

#liesenassgesond: eng Initiativ vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesseに寄せられたリスナーの声

カスタマーレビュー:以下のタブを選択することで、他のサイトのレビューをご覧になれます。