『(On)bekannt』のカバーアート

(On)bekannt

(On)bekannt

著者: Lëtzebuerger Journal
無料で聴く

このコンテンツについて

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis. 社会科学
エピソード
  • David Goldrake
    2025/10/07
    Endlech, no Jore vun der Anticipatioun, ass et sou wäit: D'Jill Lallemang kënnt mam David Goldrake an d'Gespréich. Seng éischt Zauberschow hat hien als Schüler am Lycée Robert Schuman um Chrëschtmaart. Säi Kolleeg huet deemools säin Talent erkannt an hien an d'Direktioun geschleeft. Eng ganz Aula huet hie gefëllt – an dat war den Ufank vun enger Karriär, déi hie bis op Las Vegas brénge sollt. Haut mécht hien tëscht véier bis aacht Showe fir am Schnëtt 11.000 Leit pro Sall an der Woch a schléift, wann et héich kennt, dräi bis fënnef Stonnen den Dag – awer dat ganz gären. Firwat Le Petit Prince ee Buch ass, mat deem hien sech identifizéiere kann, op a wéini een als Illusionist och alt mol Angscht virun Tricks kann hunn, wéi et amf Fong ass, a "Sin City" ze liewen an Ablécker hannert d'Kulissen: All dat, an nach vill méi, deelt den David Goldrake mam Jill. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    続きを読む 一部表示
    46 分
  • Luc Spada
    2025/09/23
    Des Episod trefft d'Jill op de Luc Spada, de net nëmme Schrëftsteller an de Fiasko Fest-Moderator op Radio 100,7 ass, mee seguer bal well e Member vun de Beatsteaks ass – ëmmerhi ginn seng Lidder jo vun hirem sechste Perkussionist gemastered. Insgesamt ass de Luc Spada net bekannt dofir, näischt ze maachen oder iwwerhaapt ze raschten – mee dofir awer bal ëmmer bëssi sou ze maachen, wéi et him grad an de Krom passt a wat sech fir hien authentesch ufillt. Mënschlech, frech a mat vill Selbstironie ënnerhalen déi zwee sech iwwert di mi schwéier ze romantiséierent Facettë vum Schreiwen, doriwwer, wéi ee moderéiert, wann een emotional vun eppes getraff ass, Männer (fuerchtbar nerveger a manner nerveger), a wéi wäit berüümt si gutt oder schlecht wier. Op de Luc Spada elo 15, 40 oder seguer 80 Joer laang zu Berlin war ier e fir d'Léift de Wee zréck op Lëtzebuerg fonnt huet, gëtt zwar net gekläert. Mee eens sënn hien an d'Jill sech, dass et e risege Spaass ass, ganz undercover Friemen an der Ëffentlechkeet beim Schwätzen nozelauschteren – an dëst och alt als Inspiratiounsmaterial ze benotzen. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    続きを読む 一部表示
    46 分
  • Anne Wies
    2025/08/12
    An dëser Episod trëfft d'Jill am Holy Ghost Garden op d'Anne Wies vum Atelier Monell. Als Kanner sinn se zesummen op der Diddelenger Kiermes Knuppauto gefuer, haut gesinn se sech am alen Tattoo-Studio tëscht Planzen op e Käffche rem… an hunn sech méi, wéi genuch, ze zielen. D'Anne ass fräischaffend Architektin, Goldschmattesch, a rakéitesch "campeuse bronzée" mat engem VW T4, déi d'Welt gesi well. Ugefaangen huet de Wee vum soziale Wunnengsbau an d'Handwierk mat geierften Ouerrénk vun der Boma, déi ursprénglech null säi Stil waren. Hatt ass du bei e Goldschmatte gaangen, fir se nei ze designen – an do huet et gefunkt. Haut mécht hatt se selwer: Bijoue mat Séil, déi no Wochen a Méint Aarbecht de Numm vun engem Mënsch droen, deen him eppes bedeit. Si schwätzen doriwwer, wéi een eleng een Atelier féiert, iwwer Diddl-Mäisecher, Familljegeschichten, an de Kulturschock vun hollännescher Iesskultur. An natierlech: Wou fillt een sech doheem, wann een tëscht Amsterdam a Lëtzebuerg pendelt? Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    続きを読む 一部表示
    34 分
まだレビューはありません