『New Work』のカバーアート

New Work

New Work

著者: Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
無料で聴く

このコンテンツについて

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.Lëtzebuerger Journal 出世 就職活動 教育 経済学
エピソード
  • New Work #22 - Panorama social 2025
    2025/10/21
    Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg. Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama Social vun der CSL op a sichen no Léisungen. Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama Social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren… Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.
    続きを読む 一部表示
    16 分
  • New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter
    2025/10/02
    Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren. Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net. Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master, kann een Diplomer an divers Zertifikaen och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land. Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.
    続きを読む 一部表示
    22 分
  • New Work #20 - Wéi de Klima d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt
    2025/09/01
    De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff. Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen. Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.
    続きを読む 一部表示
    21 分
まだレビューはありません