エピソード

  • Mäin Element - Lindsay Flynn
    2025/07/17
    Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng. Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech. Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht nämlech am Beräich vum Logement. Mä wéi erfuerscht een dat eigentlech? Donieft geet et och ëm amerikanesch Traditiounen, den Tom Cruise an international ënnerschiddlech Gréisste vu Panen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    続きを読む 一部表示
    29 分
  • Mäin Element - Johannes Meiser
    2025/03/04
    Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    続きを読む 一部表示
    30 分
  • Mäin Element - Alexander Skupin
    2025/02/03
    Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet. Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, wéi et dozou komm ass a wat geschéie géing, wa mir 100 Prozent vun eisem Gehier notze géingen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    続きを読む 一部表示
    32 分
  • Mäin Element - Nesryne Mejri
    2024/12/16
    Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen. Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt d'Nesryne vun deene gudden a schlechte Säite vun Deepfakes a kläert eis iwwert Red Flags an der Fuerschung op. Ausserdeem schwätzt et iwwert säi Faibel fir déi japanesch Sprooch a Kultur, a verréit eis, wee säi léifste Game of Thrones-Personnage ass. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    続きを読む 一部表示
    31 分
  • Mäin Element - Sean Takats
    2024/11/06
    Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift? Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    続きを読む 一部表示
    36 分
  • Mäin Element - Christiane Hilger
    2024/08/07
    Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet. A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun der Allergie-Fuerschung. Zesumme froen se sech, wat aus dem Christiane sengem Wonsch Ranger ze gi geschitt ass, wat an eisem Kierper bei Allergië geschitt a wéi een ee Buch doriwwer schreift. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    続きを読む 一部表示
    30 分
  • Mäin Element - Emmanuel Defay
    2024/05/23
    Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“? De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier! Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    続きを読む 一部表示
    29 分
  • Mäin Element - Ines Chihi
    2024/03/28
    Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer! D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣
    続きを読む 一部表示
    32 分