エピソード

  • Episod 125 - D'Entféierung vum Jakob von Metzler
    2026/07/26
    De 27. September 2002 gëtt den 11 järege Jakob von Metzler vum 27 järege Magnus Gäfgen entfouert an ermort. De Magnus Gäfgen schéckt nach en Erpresserbrief un d'Famill a gëtt awer kuerz drop gepëtzt. De Fall ass zimmlech schnell gekläert, mee wéi et zur d'Erklärung koum, huet fir Opreegung gesuergt, bezéiungsweis grouss eethesch Froen opgeworf. Ëm wat et hei genau geet a wat alles geschitt ass, gitt der an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    続きを読む 一部表示
    27 分
  • Episod 124 - De Fall Molly Bish
    2026/07/12
    De 27. Juni 2000 féiert d'Magi Bish säi Meedchen, d'Molly, un de Comins Pond zu Warren a Massachusetts. D'Molly schafft hei als Rettungsschwëmmerin. D'Mamm kritt een Uruff vun der Police, ob si wéisst, wou hiert Meedchen ass. Um Séi ukomm, fënnt d'Mamm nach all dem Molly seng Saachen, mee d'Molly selwer awer net méi. Hir fält an, dass den Dag virdrunner, ee Mann um Séi war, deen sech komesch verhalen hat. Et gëtt eng Phantomzeechnung ugefäerdegt, mee et kënnt näischt derbäi eraus. Ee Joer méi spéit, gëtt eng nei Phantomzeechnung ugefäerdegt - eng wéi d’Magi fënnt - besser Zeechnung.Dräi Joer nom Verschwanne vum Molly, fënnt een dem Molly seng Iwwerreschter, awer dat just zum Deel. Et geet eng grouss Sich no engem méigleche Verdächtege lass. Wien déi Verdächteg sinn an ob de Fall gekläert ass, gëss du alles an der neier Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    続きを読む 一部表示
    32 分
  • Episod 123 - De Fall Savannah Gold
    2026/06/21
    Am August 2017 mécht dat 21-järegt Savanna Gold sech op de Wee fir op seng Schicht am Bonefish Grill. Hei kënnt Savanna awer leider ni un. Säi Papp a säi Brudder kréie kuerz drop eng komesch SMS: hatt hätt ee Mann kenne geléiert, et kéint dat alles net méi an hatt géif mat deem fortlafen. Dat alles passt awer net zum Savanna an hatt gëtt alles vermësst gemellt. Dat Eenzegt, dat nach fonnt gëtt, ass um Parking säin Auto mat engem opgeschlitzte Pneu. Bei der Iwwerpréiwung vun den Iwwerwaachungskamera kënnt dann ee Mataarbechter mat an d'Spill. Wien ass dat a wat ass hei geschitt, dat alles gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    続きを読む 一部表示
    29 分
  • Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4
    2026/05/31
    Et ass erëm sou wäit, déi alljärlech Diskussiounsronn ass erëm do. Mir schwätzen iwwert Theorië vun ongekläerten a gekläerte Fäll, wéi geféierlech sinn Hobbydetektiven op de soziale Medien, gi weiblechTäter aneschters wouer geholl an nach weider Theemen. Zeckt net a schreift eis gären är Gedanken a Meenungen zu Allem eran.
    続きを読む 一部表示
    56 分
  • Episod 121 - De Fall Heather Maples
    2026/05/17
    Am Januar 2015 plënnert dat 22-järegt Heather Nicole Maples aus Texas op Tennessee. Hatt erhofft sech hei méi Chancë fir seng Zukunft a säi Studium an esou kritt hatt dann och Ufank August 2015 endlech de Bréif, dass et un der Middle Tennessee State University ugeholl ass. Hatt freet sech immens op de Studium, mee leider sollt et ni dozou kommen, well de 7. August 2015 gëtt d'Heather vu senger beschter Frëndin dout an der Wunneng fonnt. Wat ass hei genau geschitt? Wien ass den Täter? Alles dat an der neien Episod vu Loscht op Mord.
    続きを読む 一部表示
    35 分
  • Episod 120 - De Fall Collien Fernandes an Deepfakes
    2026/05/04
    An dëser Episod vu Loscht op Mord schwätze mir iwwert de Fall Collien Fernandes. Hatt weess schonn zënter e puer Joer, dass am Internet sougenannten Deepfakes vun him verbreet ginn. Viru Kuerzem ass elo erauskomm, dass dës Deepfakes vu sengem Ex-Mann verbreet goufen. Net nëmme goufen dës verbreet, mee och huet hie komplett virtuell Affären am Collien sengem Numm opgebaut an dat ouni, dass d'Collien eppes dovunner wosst. Wéi dat Ganzt erauskomm ass, huet dat fir ee risege Skandal gesuergt an erëm eng Kéier gewisen, wéi geféierlech kënschtlech Intelligenz ka sinn, wann dës fir schlecht Saachen agesat gëtt. Weider schwätze mir och allgemeng iwwer Deepfakes an aner sexuell Ausbeutungen am Internet.
    続きを読む 一部表示
    35 分
  • Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann
    2026/04/19
    De 15.September 1981 mécht sech dat 10 Joer alt Ursula Herrmann owes mat sengem roude Vëlo op de Wee fir heem. Dat nodeems hatt seng Tatta a säi Monni besicht huet. Hatt sollt awer ni doheem ukommen. Bei enger direkter Sichaktioun vun der Police, kann dem Ursula säi Vëlo fonnt ginn, mee soss feelt awer all Spuer vum Meedchen. Déi kommend Deeg gi bei der Famill Herrmann komesch Uriff gemellt a schlussendlech ass och een Erpresserbréif bei der Famill ukomm. D’Erpresser briechen awer iergendwann de Kontakt of a kuerz drop gëtt d’Ursula Herrmann dout an enger Këscht fonnt. Alles wierkt esou, wéi wann den Doud vum Meedchen een Accident war. Wéi konnt et dozou kommen a wien ass de Schëllegen? An wisou ass de ganze Fall bis haut esou ëmstridden? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
    続きを読む 一部表示
    39 分
  • Episod 118 - Germanwings Flug 9525
    2026/04/05
    De 24. Mäerz 2015 sollt de Vol 9525 vu Germanwings regulär vu Barcelona op Düsseldorf fléien. 145 Passagéier a 6 Crewmembere waren op dësem Vol. Alles leeft normal bis de Pilot d'Steier un de Co-Pilot iwwergëtt a kuerz aus dem Cockpit geet. Dëst wär u sech näischt Besonnesches, mee wat kee wosst ass, dass de Co-Pilot, den Andreas Lubitz ënner Depressiounen an anere psycheschen Erkrankunge gelidden huet. Sou späert dësen sech eleng am Cockpit an a bréngt d'Maschinn an de franséischen Alpe gezielt zum Crashen. Keen u Bord sollt iwwerliewen. Wéi konnt et dozou kommen, dass kee bemierkt huet, dass de Co-Pilot u sech net hätt duerfe fléien? Wéi konnt hien de Pilot ausspären? All dës a wieder Froe versiche mir an dëser Episod vu Loscht op Mord ze klären.
    続きを読む 一部表示
    29 分