『Loscht op Mord』のカバーアート

Loscht op Mord

Loscht op Mord

著者: Charel Krier Julie Gerard
無料で聴く

プレミアムプランが3か月 月額99円

登録で500円分のAmazonギフトカードプレゼント。12月23日まで。※適用条件あり
概要
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.Eldoradio ノンフィクション犯罪
エピソード
  • Episod 130 - De Fall Kara Robbinson
    2026/11/15
    De 24. Juni 2002 gëtt dat 15 Joer aalt Kara Robbinson entfouert a fir 18 Stonne festgehalen a mësshandelt. Dunn ass dem Meedchen d'Flucht gelongen. Wat do nach kee wosst, ass, dass den Entféierer ee gesichte Seeriemäerder war. Wien dëse Seeriemäerder war a wéi d'Kara flüchte konnt, gëss du an dëser Episod gewuer.
    続きを読む 一部表示
    36 分
  • Episod 129 - De katastrophale Fluch 571
    2026/10/26
    13. Oktober 1972: En uruguayesche Militärfliger mat enger jonker Rugby-Ekipp an hire Frënn u Bord crasht an den onbaarmhäerzegen, äiskale Bierger vun den Anden. Op iwwer 3.600 Meter Héicht fänkt fir d'Iwwerliewenden en tragesche Kampf un, deen d'Grenz vun der mënschlecher Ausdauer wäit iwwerschreit. An dëser Episod huele mir iech mat an eng vun de stäerkste mënschlechen Ausnamesituatiounen an der Geschicht.
    続きを読む 一部表示
    45 分
  • Episod 128 - De Fall Christa Pike
    2026/10/11
    1995 bréngt dat 18 Joer aalt Christa Pike, zesumme mat sengem deemolege Frënd a senger beschter Frëndin, d'Colleen Slemmer op eng grausam Aart a Weis ëm. Heifir kritt d'Pike d'Doudesstrof. Mir schwätzen iwwert dem Pike seng Kandheet a firwat hatt dëse Mord begaangen huet. Sou wéi och iwwert déi feelgeschloen Exekutioun aus dësem Joer.
    続きを読む 一部表示
    43 分
adbl_web_anon_alc_button_suppression_t1
まだレビューはありません