『Gréng op den Oueren』のカバーアート

Gréng op den Oueren

Gréng op den Oueren

著者: Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
無料で聴く

このコンテンツについて

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. 社会科学
エピソード
  • Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelen
    2025/10/08
    Wat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen? Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen. Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse vun dësem spannende Konzept, bei deem och dir dobausse kënnt matmaachen.
    続きを読む 一部表示
    29 分
  • Mam Wandrad vun der Zäit goen
    2025/07/31
    Et ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn. Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no. Hie verréit, firwat och d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, firwat d’Wandrieder net rosa däerfe sinn a wéi de Grand-Duc reagéiert huet, wéi e Wandrad bei sengem Schlass opgeriicht gouf.
    続きを読む 一部表示
    27 分
  • Nohalteg ënnerwee mat der CFL
    2025/04/29
    Bei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn. Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus. Donieft geet et och ëm de PPA-Projet tëscht der Enovos an der CFL.
    続きを読む 一部表示
    25 分
まだレビューはありません