『Craft your balance』のカバーアート

Craft your balance

Craft your balance

著者: Chambre des Métiers | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
無料で聴く

このコンテンツについて

D'Handwierk entwéckelt sech weider. An dozou gehéieren och Sujete wéi d'Sécherheet an d'Wuelbefannen op der Aarbecht. Schliisslech wëllen och Daachdecker*inne séchere Buedem ënnert de Féiss, an d'Elektriker*inne sollten och mol ofschalte kënnen. Wëllkomm bei Craft Your Balance, de Podcast vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. 個人的成功 出世 就職活動 経済学 自己啓発 衛生・健康的な生活
エピソード
  • Craft your balance #3 - Wuelbefannen op der Aarbecht
    2024/02/09
    D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Facteuren, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier WELL, dee fir Wuelbefannen, Gesondheet an e gutt Klima op der Aarbecht steet. De Ben Jungers ass Gerant vum Familljebetrib de Buedemleër. De Marco Schmitz ass Co-Grënner a Gerant vu Wandwerk an Taff. Déi zwee Betriber hunn eis erzielt, wat fir Moossnamen si ergraff hunn, fir d'Wuelbefanne vun hire Mataarbechter ze fërderen, wéi si de Succès vun hirer Philosophie moossen, ma och wat déi zwee um Begrëff "Work-Life-Balance" stéiert.
    続きを読む 一部表示
    25 分
  • Craft your balance #2 - Digitalisatioun an Innovatioun
    2023/12/08
    D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier SHARP : D'Roll vun der Digitalisatioun an der Innovatioun fir de Beräich "Organisatioun am Handwierk". D'Carmen Kieffer ass Responsabel fir de Service eHandwierk bei der Chambre des Métiers. D'Laetitia Magny (Ergonome a Conseillère en prévention) an d'Marie-Flore Simon (Médecin du travail) schaffen am Service de la Santé au Travail de l'Industrie (STI). Si erkläre wat hei d'Chance sinn a firwat et sënnvoll ass déi Transitiounsphase ze ënnerhuelen. De konkreten Impakt gesäit een awer ëmmer nach am beschten um Terrain : De Sebastien Steffes, dee säin Atelier graphique Molotov Design gegrënnt huet, an de Yannick Schuler, deem säi Familljebetrib Bressaglia Serge sech iwwer ville Generatiounen nei erfanne misst, erzielen, wéi nei Tools hir Aarbecht an déi vun hire Mataarbechter vereinfacht a verbessert.
    続きを読む 一部表示
    26 分
  • Craft your balance #1 - Fir ee bessert Handwierk
    2023/07/19
    D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vu hirer Campagne Make. Shape. Create. eng Approche a 5 Pilieren ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. Mee wéi soll dës Approche genee funktionéieren a wéi eng sinn dës 5 Sailen? De Gilles Walers ass an der Chambre des Métiers zoustänneg fir alles, wat zu de Beräicher Soziales, Aarbecht a Formatioun gehéiert. Am éischten Episod zielt hien eis, wéi et zu dëser Approche komm ass, a wéi si dës an de Betriber wëllen integréieren. D'Clémentine Venck, Directrice vu Cocottes, an de Carl Werner, Gerant vu Coplaning, hunn an hiren Aktivitéite scho vill Moossnamen ënnerholl, fir d'Wuelbefannen an d'Sécherheet vun hire Mataarbechter*innen ze garantéieren. Si erkläre wisou dat wichteg ass – esouwuel fir d'Mataarbechter*innen, wéi och fir d'Entreprise selwer.
    続きを読む 一部表示
    26 分
まだレビューはありません