エピソード

  • #2 Selbststänneg sensibiliséieren
    2025/10/23
    Et ass net einfach, sech an d'Käpp vu senge Matmënschen ze versetzen. Dat ass wouer, wann et ëm Emotioune geet, an nach méi, wa mir vu Beanträchtegunge schwätzen. Dofir ass Sensibiliséierung och sou wichteg, genau sou wéi Leit, déi aktiv dru schaffen. Independanten, déi eng Beanträchtegung hunn, kënnen e Vecteur vu genee dëser Sensibiliséierung sinn - well si d’Erausfuerderunge vum Alldag kennen. Genau dat trëfft op d'Michèle Vallenthini, Conseilsmember vum Lëtzebuerger Journal a Grënnerin vun der Digital-Marketingagence Wild Solutions, an de Joël Schmit zou, deen d'App AutiHD entwéckelt huet. Ma net nëmmen si: Och d'Christine Zimmer an den Andrea Di Ronco vun Info-Handicap souwéi de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, soen eis, wat hei am Land ënnerholl gëtt, fir beschtméiglechst ze sensibiliséieren. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-1-liewensaccidenter-einfacher-sprache Zur AutiHD App: https://apps.apple.com/lu/app/mindory-ai-planner/id6503987647 Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
    続きを読む 一部表示
    46 分
  • #1 Liewensaccidenter
    2025/10/09
    Um Aarbechtsmaart feelt et nach vill u Bewosstsi géigeniwwer Mënsche mat enger Beanträchtegung. Obwuel mir alleguer enges Daags an deem Fall kéinte sinn. Déi meescht Leit sinn nämlech net mat hirer Beanträchtegung gebuer. Och de Julien Gouttin, haut Kach an engem Atelier d'inclusion professionnelle, an d'Martina, fréier Iwwersetzerin an haut an der Pensioun, stounge fest am Liewen, ier si erausgerappt goufen. Fir de Start vun dësem Podcast hu mir si begleet. Och d'Hëllefsstellunge gi beliicht: D'Christine Zimmer, Präsidentin vun Info-Handicap an den Andrea Di Ronco, Beroder bei Info-Handicap, soen eis, wat zum Sujet zu wëssen ass. An de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, kënnt och zu Wuert. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-1-liewensaccidenter-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
    続きを読む 一部表示
    42 分
  • 1 cm - Trailer
    2025/09/25
    De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht no Leit, d'Kompetenze vu Mënschen mat enger Beanträchtegung ginn dobäi nach ze dacks vergies. De Podcast weist, mat wéi enge Barrièren si konfrontéiert sinn a wéi vill ongenotzt Potenzial et nach gëtt, fir d'Gesellschaft a fir d'Wirtschaft.
    続きを読む 一部表示
    1 分