エピソード

  • Steierreform: E Quantesprong oder Grond fir Kritik?
    2026/10/27
    Méi Netto vum Brutto an eng individuell Besteierung fir jiddereen: D'Steierreform soll de Lëtzebuerger Steiersystem vun 2028 un grondleeënd veränneren. Mee wie profitéiert wierklech dovunner? Ginn Alengerzéiender a Famillje genuch berücksichtegt? A wéi gëtt déi Reform finanzéiert? An dëser Episod vu Mikroskop, dem Podcast vun der CSV-Fraktioun, hëlt den CSV-Deputéierte Michel Wolter Stellung zu de Kriticke vun der Oppositioun an erkläert, firwat dës Reform a sengen Aen e wichtege Schrëtt a Richtung vun engem méi modernen a gerechte Steiersystem ass.
    続きを読む 一部表示
    18 分
  • Eng Steierklass fir jiddereen – wat ännert sech mat der Steierreform?
    2026/10/27
    🎙️ Eng Steierklass fir jiddereen – wat ännert sech mat der Steierreform? Vum 1. Januar 2028 un soll déi nei Steierklass U kommen. Mee wat bedeit dat konkret fir Iech? Wien profitéiert? Wat ännert sech fir bestuete Koppelen, Famillje mat Kanner an Alengerzéiender? An dëser Episod vu *Mikroskop*, dem Podcast vun der CSV-Fraktioun, erkläert d'Diane Adehm, Presidentin vun der Finanzkommissioun a Rapportrice vum Gesetz, déi wichtegst Neierungen an äntwert op d'Froen, déi sech vill Leit stellen.
    続きを読む 一部表示
    13 分
  • Wéi soll Lëtzebuerg op déi schlecht PISA-2025-Resultater reagéieren? – d'CSV-Positioun vum Ricardo Marques?
    2026/09/29
    Am CSV Podcast "Mikroskop" ronderëm de Sujet vun de Resultater vun der PISA-Etude 2025 fuerdert de CSV-Deputéierten a Vizepresident vun der Educatiounskommissioun Ricardo Marques eng „méi leeschtungsfäeg Schoul": PISA sief keng Ranglëscht, mä eng Invitatioun, éierlech op de Schoulsystem ze kucken an d'Basiskompetenze vun alle Schülerinnen a Schüler stäerken.
    続きを読む 一部表示
    20 分
  • #18 - Isabel Wiseler
    2026/06/05
    D'Isabel Wiseler-Lima ass Invitée an dëser Episod vum Podcast Mikroskop. Als klengt Meedchen ass d'Isabel Lima mat hiren Elteren aus Portugal op Lëtzebuerg komm an hat hei, wéi si selwer seet, eng wonnerschéin Kandheet. Als Jugendlecht huet d'Isabel de Claude Wiseler kenne geléiert an zanterhier sinn si eng Koppel. Wéi war de gemeinsame Wee an d'Politik
    続きを読む 一部表示
    47 分
  • #17 - Emile Eicher
    2026/05/20
    Den Emile Eicher huet säi ganzt Liewen zu Maarnech verbruecht. Dat heescht awer net, dass hien net an der Welt ronderëm komm ass. Ganz am Géigendeel. An dëser Episod vu MIKROSKOP erzielt de sympathesche Politiker aus dem Norden iwwert säi Joer an Australien, säi Wee an d'Politik, deen direkt als Buergermeeschter ugefaangen huet an iwwert déi grouss Erausfuerderunge fir d'Gemengen hautdesdaags.
    続きを読む 一部表示
    32 分
  • #16 - Stéphanie Weydert
    2026/05/15
    Buergermeechtesch vu Rouspert/Mompech. Deputéiert an der Chamber. Vizepresidentin vun der Fraktioun a vun der Partei. Dat ass d'Stéphanie Weydert, dat een eigentlech ni schlecht gelaunt gesäit. Wéi koum d'Stéphanie esou jonk an d'Politik, wat sinn d'Virdeeler vun enger Fusiounsgemeng an ëm wéi eng Dossiere bekëmmert d'Stéphanie sech an der Chamber. Dat Alles gitt der an dëser Episod vum Podcast MIKROSKOP gewuer.
    続きを読む 一部表示
    33 分
  • #15 - Martine Kemp
    2026/04/17
    Et gouf emol de Sproch "Hast du einen Opa, dann schick ihn nach Europa". Dat trëfft awer op keen esou wéineg zou, wéi op d'Martine Kemp, déi fir d'CSV am Europaparlament ass. Déi 31 Joer jonk Deputéiert steet eis dës Kéier Ried an Äntwert am Podcast MIKROSKOP. Firwat Europapolitik, wat kënne 6 vu 720 Deputéiert erreechen, keng Zesummenaarbecht mat Riets a wéi kritt een als Mamm Politik an d'Geplënners tëscht Stroossbuerg, Bréissel a Lëtzebuerg ënnert een Hutt. Dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten an der Emissioun.
    続きを読む 一部表示
    35 分
  • #14 - Marc Lies
    2026/03/26
    No iwwer 25 Joer an der Gemengepolitik, no iwwer 15 Joer Buergermeeschter, huet de Marc Lies d'lescht Joer ënnert net ganz einfache Konditiounen demissionéiert. An der neister Episod vun MIKROSKOP kuckt de Marc Lies zeréck op déi vill schéin a manner schéi Momenter an der Kommunalpolitik. Firwat ass Politik haut méi schwéier, wéi nach virun engem Véierels Joerhonnert, wéi kritt Hesper de Verkéiersproblem an de Grëff, wéi gesäit dem Marc seng Aarbecht an der Chamber aus a wat mécht de fréieren Izeger Futtballspiller haut a senger Fräizäit ? Dat a Villes méi gitt der an dëser Episod vum Podcast vun der CSV-Fraktioun gewuer.
    続きを読む 一部表示
    25 分