エピソード

  • Episod 131 - Blizzcon 2026 weist wéi et geet! Do kann Nintendo just staunen
    2026/09/23
    D'Jungs kënne just schwäermen iwwert wéi d'Blizzcon dëst Joer einfach de Leit d'Strëmp ausgedoen huet matt enger gudder Noriicht no der anerer. WoW Forever, Diablo 3, Starcraft FPS an Warcraft 3 DLC. Do staunen de Kirby an de Link nawell net schlecht!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 4 分
  • Episod 130 - GAMESCOOOM a GTAAA
    2026/09/08
    De Mike war op der Gamescom an huet vun do ganz vill Infos an Andréck matbruecht. Ausserdem ass et souwäit, mir liewe lo an enger Welt déi GTA 6 Gameplay gesin huet. Wat eis Nerds dozou soen an nach villes méi, wi gewinnt an dëser Episod.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 18 分
  • Episod 129 - Vum Summerlach bis GTA 6
    2026/08/26
    D’Hëtzt dréckt, d’PCe blosen an de Gaming-Kalenner fëllt sech: mir kucken, wat eis an de nächste Méint nach alles erwaart. Vun Blood of the Dawnwalker, Onimusha a Silent Hill: Townfall iwwer Marvel’s Wolverine, Nivalis an dat neit Castlevania bis bei de groussen Elefant am Raum - GTA 6 - ass fir jiddereen eppes dobäi. Dobäi schwätze mir iwwer Star-Wars-Spiller, de kollektiven Ubisoft-Hate, eis verluere Gedold bei schwéiere Games an déi gutt al Zäiten, an där een dat selwecht Level honnertmol gespillt huet. Ausserdeem: Gaming am Altersheem, eis Léift fir Rocky, de Problem mat Biopics an Dungeons & Dragons am World of Warcraft-Universum.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 15 分
  • Episod 128 - Netflix Preview fir 6 Stonnen
    2026/08/12
    Am Summerlach koum dach trotzdeem nach eng ganz ënnerhalsam News zum groussen Titel GTA6: nämlech, dass Netflix ee ganz gudden Deal gemaach huet a sechs Stonne laang ee Virrecht op de Contenu huet dee Rockstar eisubitt. Wow! Plus: d'Gamescom steet un a wat mécht ee soss nach am Summerlach? Lauschter eran, kuck eran a schwätz mat!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 10 分
  • Episod 127 - Assassin's Creed Black Flag a lauter RED FLAGS
    2026/07/29
    No e bësse Gepotert iwwert Assassins' Creed Black Flag a Resident Evil, maachen d'Jonge vu Gamer Things sech Gedanken iwwert d'Zukunft an de Fait, dass an noer Zukunft keng physesch Kopië vu Spiller méi an de Regaler ze fanne wäerte sinn. Wat bréngt dat mat sech? Kann een et stoppen a wien ass Verantwortlech? Dat a villes méi an dëser neier Episod vu Gamer Things.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 4 分
  • Episod 126 - GTA, Steam Machine a Memberships
    2026/07/01
    Et geet deier hier an der Industrie! Egal ob et 1.000 Euro fir eng Steam Machine sinn oder 100 Euro fir GTA6, ee GTA Premium Membership fir Multiplayer oder den normalen Online Abo. Also ëmmer fläisseg Suen an d'Spuerbéchs leeën! Ass dann alles wierklech elo ëmmer nëmme méi schlecht oder gëtt et awer nach Hoffnung?Lauschter eran a schwätz mat an der neitster Episod vu Gamer Things!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 5 分
  • Episod 125 - NEE3 SEASON ASS DOOO
    2026/06/17
    Wat fréier E3 geheescht huet, ass haut op lauter verschidde Präsentatiounen opgedeelt: Sony State of Play, Summer Games Fest, Xbox Showcase an Nintendo Treehouse. Mir hunn eis dës all ugekuckt a schnëssen iwwer alles wat eis opgefall ass: déi gutt an déi schlecht Saachen. Wat häls du da vun all deene Präsentatiounen?
    続きを読む 一部表示
    1 時間 18 分
  • Episod 124 - JAMES BOND: First Light a PARALIVES
    2026/06/03
    Ass Modern Warfare eng nei Luucht um Enn vum Tunnel vun onbeléifte Call of Doodies? Kann ee jonken James Bond d'Fans iwwerzeegen, dass et och emol anescht goe kann? Wéi ass et een James Bond-Film ze spillen?Ausserdeem huet "Paralives" am early Access alle Sims-Spiller frësche Wand ugebueden. Dat a villes méi gëtt et an dëser Episode GamerThings! Kuckt eran, lauschter eran a schwätzt mat!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 8 分