エピソード

  • Episod 50: Alain Guenther X Schmelzaarbechter Musée
    2026/06/26

    Kontaktéiert eis


    Tëscht Stol, Erënnerung a Solidaritéit

    D’Geschicht vum Minett ass net nëmmen eng Geschicht vu Minnen, Héichiewen a Stol. Et ass och eng Geschicht vu Mënschen: vu Schmelzaarbechter, vu Familljen, vu Kolonien, vu Solidaritéit, vu schwéierer Aarbecht — an dovun, wéi eng ganz Regioun duerch d’Industrie gepräägt ginn ass. Fir de 50. Episod vum Minett Mash-Up si mir op enger Plaz, wou déi Geschicht nach haut ganz konkret ze spieren ass: am Schmelzaarbechter Musée um Site vun der Metzeschmelz.

    Eis “Minett Location vum Mount”: Schmelzaarbechter Musée, Metzeschmelz

    De Schmelzaarbechter Musée läit um Site vun der fréierer Metzeschmelz, engem industriellen Terrain, deen iwwer méi wéi ee Joerhonnert d’Liewe vun Esch, Schëffleng an der ganzer Minettregioun matbestëmmt huet. Wärend ronn 130 Joer huet d’Stolindustrie um 60 Hektar grousse Site Esch-Schëffleng Geschicht geschriwwen; bis zu 2.600 Persounen hunn do geschafft, ier 2012 all Aktivitéit opgehalen huet.

    De Musée erzielt dës Geschicht net aus enger distanzéierter Perspektiv, mä aus där vun de Leit, déi hei geschafft a gelieft hunn. Hei geet et ëm den Alldag an der Schmelz, ëm Handwierksgeschir, Aarbechtsmaterial, perséinlech Géigestänn, Fotoen, Dokumenter an Erënnerungsstécker, déi zesummen e Bild vun enger ganzer Aarbechterkultur zeechnen.

    Entstanen ass d’Sammlung net als grousst institutionellt Projet, mä aus enger Initiativ vu Leit, déi mat dëser Welt verbonne waren. Wéi den Alain Guenther sech erënnert, huet alles mat engem Kaffiskränzchen ugefaangen, bei deem Leit aus de Kolonien ronderëm d’Schmelz Saachen ernimmt hunn, déi si nach doheem haten: en Hummer, eng Zaang oder aner Géigestänn aus der Schmelz. Esou ass no an no eng Sammlung entstanen.

    Mat de Joren ass dës Kollektioun ëmmer méi grouss ginn. Fréier Schmelzaarbechter, hir Familljen an och d’Arbed hu Géigestänn zur Verfügung gestallt oder gespent. Haut ginn am Musée Objeten ausgestallt, déi un d’Aarbecht, d’Liewen an d’Zäit virun, wärend an no der Industrialiséierung erënneren.

    Eise Gaascht: Alain Guenther

    Dës Kéier ass den Alain Guenther eise Gaascht. Hien huet selwer um fréieren Arbed-Site Esch-Schëffleng geschafft an ass haut ee vun de Leit, déi sech dofir asetzen, datt d’Erënnerung un d’Schmelzaarbechter net verluer geet.

    Hie kennt d’Schmelz net nëmmen aus Bicher oder Archiven. Hien huet selwer um Arbed-Site zu Esch-Schëffleng geschafft. Genee dës perséinlech Verbindung mécht säi Bléck op de Musée an op d’Geschicht vun de Schmelzaarbechter esou wäertvoll.

    Am Episod schwätze mir mat him iwwer säin eegene Wee an d’Welt vun der Schmelz, iwwer säin alleréischte Schaffdag, iwwer dat, wat hien a senger Carrière am meeschte gepräägt huet, an iwwer seng Zäit als President vun der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal. Dobäi geet et net nëmmen ëm technesch oder ekonomesch Froen, mä virun allem ëm Mënschen: ëm Aarbechtskonditiounen, Kollegialitéit, Konflikter, Verantwortung a Solidaritéit.

    E wichtege Sujet ass och d’Fro, ob mat de leschte Generatioune vu fréieren Aarbechter och vill Geschichten a perséinlech Erfarunge verschwannen. De Musée ass dowéinst net just eng Sammlung vu Saachen, mä och eng Sammlung vu Stëmmen, Erënnerungen an Erliefnesser.

    Dësen Episod freet dofir och, wat et bedeit, wann eng Industrie, déi eng Regioun iwwer Generatioune gepräägt huet, lues a lues verschwënnt. Ass dat just eng wirtschaftlech Transformatioun? Oder och e kulturelle Broch? Wat geschitt mat enger kollektiver Identitéit, wann déi Plazen, wou se entstanen ass, hir Funktioun verléieren?

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    43 分
  • Episod 49: Ënnerwee am Fond-de-Gras
    2026/05/29

    Kontaktéiert eis

    2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut.

    An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war dëst klengt Dall ee vun den Zentre vum Eisenäerz-Ofbau; 1955 huet déi lescht Galerie zougemaach, an tëscht 1974 an 1978 gouf am Dall nach eng Kéier am Dagebau Minett ofgebaut. Haut gehéiert de Fond-de-Gras zesumme mat Lasauvage zum Minett Park – an doheem sinn och direkt zwee Veräiner, déi historescht Material restauréieren a fir de Public erliefbar maachen: Train1900 an d’Minièresbunn Doihl.

    Eis Gäscht: Robyn Wehles, Charel Kugeler & Joël Miltgen

    Mir starten dësen Episod mam Robyn Wehles, der Directrice vum Minett Park. Fir d’Gespréich souze mir an der Épicerie Victor Binck, déi Enn vun den 1980er aus dem Zentrum vun Déifferdeng an de Fond-de-Gras geplënnert ass.

    Fir an de Fond-de-Gras ze komme gëtt et am Summer d’Méiglechkeet mam Zuch ze fueren, dat ass awer net egal wéi een Zuch, mä den Train 1900. De Charel Kugeler, e passionéierte Member vum Train1900 verréit eis méi iwwert d’ASBL, déi d’Zuchstreck bedreift a fänkt ganz vir an der Geschicht vum Veräin un, dee schonn zënter 1970er aktiv ass.

    Um Schluss geet et dann nach aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage. Duerfir geet et an den Doihl, d’Minière duerch déi d’Minièresbunn fiert, de Joel Miltgen, President vun der ASBL erkläert wéi an den 1990er déi verloosse Minière nees a Betrib geholl gouf, fir mam Zuch kënnen doduerch ze fueren.

    Highlights & Rendez-vousen am Fond-de-Gras

    De Fond-de-Gras ass awer net nëmme Geschicht – de Summer duerch gëtt e volle Programm am Minett Park. Sonndes an op Feierdeeg sinn den Train 1900 an d’Minièresbunn am Asaz. Et gëtt awer och eng Rei grouss Manifestatiounen am Fond-de-Gras, déi der Wäert sinn se mat z’erliewen. De 5. Juni ass owes de Night Train ënnerwee. Den 11. Juli ass den traditionellen „Blues Express“ a fir de Schluss vun der Saison invitéiert de Minett Park um leschte Weekend vum September op den Anno 1900, hire grousse Steampunk-Festival.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    28 分
  • Episod 48: Dario Di Genova X Musée des Mines
    2026/04/24

    Kontaktéiert eis

    D'Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d'Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d'Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d'Industriegeschicht nach haut lieweg ass.

    Eis "Minett Location vum Mount": Musée National des Mines de Fer (Rëmeleng)

    Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an de Musée des Mines op Rëmeleng – eng Plaz, wou een d'Geschicht vum Biergbau net just gesäit, mä och fillt. D'Entrée vum Musée läit um Carreau vun der Minn Walert, an hei gëtt ee ganz konkret an d'Welt vun de Mineure agefouert.

    De Musée existéiert elo schonn iwwer 50 Joer a gëtt de Visiteure en authenteschen Abléck an d'Aarbechtskonditiounen vun deemools. Matten an der Minn sinn et schuckeleg 11 Grad bei enger richteg héijer Loftfiichtegkeet – do muss bei Visitten net just no Visiteure gekuckt ginn, déi heiansdo an der kuerzer Box an am T-Shirt kommen, mä och no den Exponater, déi am Laf vun der Visite Guidée gewise ginn.

    E speziellen Zeien aus vergaangenen Zäiten hänkt nach virum Musée: e Buggi vun der Seelbunn, déi vun Ëtteng op Déifferdeng an d'Schmelz gaangen ass. Dës Seelbunn war vun 1906 bis 1980 aktiv an huet d'Minnen mat der Weiderveraarbechtung vum Eisen verbonnen. Genee esou Detailer maachen d'Location vum Mount zu méi wéi nëmmen engem Musée: et ass eng Entrée an eng vergaangen Zäit, déi eis hëlleft, eist industriellt Ierwe besser ze verstoen.

    Eise Gaascht: Dario Di Genova

    Eise Gaascht, den Dario Di Genova, ass Guide am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hien deelt seng Passioun fir d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Minnen mat de Visiteure a bréngt d'Erënnerung un d'Aarbecht vun de Mineure lieweg erof.

    Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu dëser besonnescher Plaz an iwwert seng Motivatioun, hei als Guide ze schaffen, déi op Erfarungen zeréckgeet, déi den Dario als Bouf am Ëmfeld vun der Minn um Thillebierg gemaach huet, wou säi Papp 31 Joer laang geschafft huet. D'Gespréich beliicht vill Facetten, déi d'Welt vum Biergbau ausgemaach hunn:

    • d'Grënnung an d'Geschicht vun de Minnen an dem Musée zu Rëmeleng,
    • d'Bedeitung vun de Minne fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft,
    • déi markantst Periode fir de Biergbau an der Regioun,
    • déi technologesch a mënschlech Entwécklung vun de Minnen am Laf vun der Zäit,
    • d’Verschwanne vun dëser Industrie zu Lëtzebuerg,
    • den Impakt vum Biergbau op d'Regioun an hir Awunner,
    • an d'Fro, wat een enger neier Generatioun d’Erënnerung un dës Epoch ka viruginn.

    Als Guide huet den Dario och eng besonnesch Passioun fir Modelle vun der Minnen-Industrie, déi hie elwer baut. Heiriwwer gi mer och méi an dësem Episod gewuer.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    53 分
  • Episod 47: Carlo Jones X Metzeschmelz
    2026/03/27

    Kontaktéiert eis

    Wéi aus dem Minett Stol ginn ass, a wéi de Minett vun de Koppe laanscht déi franséisch Grenz bis an d’Schmelze komm ass: dat sinn d’Geschichten, déi dës Saison eise Podcast beliewen. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Technik an d’Ëmfeld, déi et gebraucht huet, fir aus Steng Stol ze maachen – matten an enger Plaz, wou d’Industriegeschicht nach ze spieren ass.

    Minett Location vum Mount: Metzeschmelz

    Dës Kéier féiert eis Rees de Minett Mash-Up an d‘Metzeschmelz, eng industriell „Friche“ an en immens staarken Zeie vun der Zäit wou Stolproduktioun an Alldag hei am Süde ganz enk matenee verbonne waren.

    Mir si fir dësen Episod zu Gaascht am fréieren Zentralatelier vun der Schmelz Esch‑Schëffleng – an enger impressionnanter Hal, wou de Ferro Forum zënter e puer Joer säin Doheem fonnt huet. Hei gëtt net just „iwwer d’Schmelz geschwat“: hei gëtt Erënnerung lieweg gehalen, hei gi Geschichte gesammelt an Industriekultur mat Leit gedeelt, déi Loscht hunn, de Minett a seng Entwécklung besser ze verstoen.

    Eise Gaascht: Carlo Jones

    Eise Gaascht Carlo Jones ass Member a Benevole beim Ferro Forum – beschriwwe gëtt hien do als „homme à tout faire, même la trésorerie“. Am Episod schwätze mir mat him iwwer seng Verbindung zu der Lëtzebuerger Stolindustrie an iwwert säin eegene Wee duerch d’Aarbechtswelt.

    D’Gespréich beliicht vill Facetten, déi Welt vun de Schmelzen ausgemaach hunn an nach ausmaachen:

    • de Wee an d’Aarbecht an op d‘Aarbecht,
    • d’Fro, wat een un engem erausfuerderenden an heiansdo geféierlechen industriellen Ëmfeld ugezunn huet,
    • Feier, Hëtzt an Iewen: tëscht Faszinatioun, Respekt an Energie – a wat dat fir eng Persoun bedeite kann,
    • wéi schwéier (oder wichteg) et ass, Passioun fir esou eng „haart“ Aarbecht un déi Jonk weiderzeginn,
    • d’Entwécklung vun der Sécherheet an d’Verännerung vun de Mentalitéite vis‑à‑vis vum Risiko,
    • technologesch Entwécklungen, déi den Alldag op der Schmelz verännert hunn,
    • an d’Fro, wat een enger neier Generatioun matgi wëll, déi a moderniséiert industriellt Ëmfeld erakënnt.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    57 分
  • Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen
    2026/02/27

    Kontaktéiert eis

    Biodiversitéit a Gestioun vun de Minetter Dagebausgebidder

    De Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat.

    Eis “Minett-Location” vum Mount: Léiffrächen

    Fir dësen Episod hu mir eis am Februar-Reen an d’Léiffrächen deplacéiert – eng vun de 6 Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere a gläichzäiteg eng Plaz, wou eist natierlecht an industriellt Ierwen op eng ganz speziell Aart zesummekommen.

    Am Podcast schwätze mir doriwwer, firwat grad d’Léiffrächen als Kärzon esou spannend ass: Als fréiert Minièresgebitt weist si, wéi post-industriell Landschaften zu wichtege Refugë fir Fauna a Flora kënne ginn. Gläichzäiteg stellt sech hei ganz konkret d’Fro, wéi een Naturschutz, Zougang fir de Public an d’Erhale vun der industrieller Erënnerung ënnert een Hutt kritt.

    Eise Gaascht: Jan Herr

    Eise Gaascht ass de Jan Herr, Biolog bei der Naturverwaltung an Animateur vum COPIL Natura 2000 Minetter Dagebausgebidder. Mat him kucke mir hannert d’Kulissen: Wat heescht et, esou Gebidder am Alldag ze geréieren? A wéi gesäit ee Gestiounsplang fir en Naturschutzgebitt iwwerhaapt aus?

    Am Gespréich ginn et och ëm dës Punkten:

    • Wat un der Léiffrächen anescht ass ewéi op anere Kärzonen
    • Wéi eng Elementer vun der Biodiversitéit hei besonnesch wichteg sinn – och am Kontext vum Natura 2000-Programm vun der EU.
    • Ob d’Renaturéierung vun ale Minnièressitten aus biologescher Siicht e Succès ass, a firwat een an “post-industrielle” Landschaften heiansdo vun enger spezifescher Biodiversitéit schwätze kann.
    • Firwat et heiansdo ausgesäit, wéi wann eng Fläch “mat engem Bagger duerchgeplout” wier – a firwat et fir de Naturschutz trotzdeem (oder grad dofir) wichteg ka sinn, reegelméisseg ze intervenéieren.
    • Wat déi gréissten Erausfuerderunge fir d'Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere an Zukunft sinn: Klimawandel, Siidlungsdrock, Liichtverschmotzung – oder nach eppes ganz anescht?

    Als klengt Natur-Highlight kënnt natierlech och d’Bëschléierchen (alouette lulu) net ze kuerz: mir stellen se kuerz vir fir all déi, déi se nach net kennen an och eis “Minetter Schof”, déi Naturschützer mat véier Bee sinn, stelle mir am Gespréich mam Jan Herr vir.

    Nieft de fachleche Froe gëtt et och eng méi perséinlech Säit: De Jan erzielt, wéi säi Wee ausgesinn huet, a mir schwätzen doriwwer, wéi een “ofschalt”, wann d’Natur gläichzäiteg Aarbechtsplaz ass.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    47 分
  • Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B
    2026/01/30

    Kontaktéiert eis

    Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up, dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz.

    An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat. De roude Buedem vum Minett steet am Mëttelpunkt vun eisem industriellen Ierwen, a fir dësen Episod maache mir eng Zäitrees zréck an d'Joer 1997.

    Wéi gewinnt gëtt dësen Episod realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun eise Partner-Organisatiounen: dem Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) an dem MUAR – Musée vun der Aarbecht.

    D'Location vum Mount: Den Héichuewen B

    Fir dësen Episod si mir am Restaurant SCHMELZ um Fouss vum Héichuewe B um Belval. Dës Plaz ass historesch: Hei gouf 1997 déi lescht Schicht am nach aktiven Héichuewe gefuer.

    Haut gesäit et hei komplett anescht aus. Wou fréier d'Hëtzt vum geschmolten Eisen ze spiere war, kann een haut e Patt drénken oder e Maufel iessen. Laanscht d’Héichiewen, wou schwéier geschafft gouf, flanéieren haut Studenten, ginn et Butteker a wunne Leit. D'Transformatioun vum Belval ass e beandrockend Beispill dofir, wéi industriell Frichë kënne nei genotzt ginn – ouni hir Geschicht ze vergiessen.

    Eisen Invité: Carlo Pallucca

    Eisen Invité ass Carlo Pallucca – e Mann, deen d'Geschicht vum Minett net just aus Bicher kennt, mee selwer matgeschriwwen huet.

    De Carlo war ee vun deenen Aarbechter, déi op der leschter Schicht vum Héichuewen B an der Schmelz vun der ARBED Belval am Joer 1997 geschafft hunn. Hien ass domat en Zäitzeie vun engem historesche Moment: dem Enn vun enger Ära, déi d'Lëtzebuerger Industrie iwwer Joerzéngte gepräägt huet.

    Am Gespréich mat him goe mer op Froen a wéi:

    • Wéi huet en 'typesche Schaffdag' um Héichuewen B ausgesinn?
    • Wat waren déi gréissten Erausfuerderungen am Alldag?
    • Wéi huet d'Aarbecht um Héichuewen d'Mënsche kierperlech a mental beaflosst?
    • Wéi war et unzekucken, datt den Héichuewen C demontéiert gouf – an ze wëssen, datt ee beim Enn vun enger Epoch dobäi ass?

    De Carlo deelt mat eis seng ganz perséinlech Erfarungen, Erënnerungen a Gefiller aus dëser Zäit.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    43 分
  • Episod 44: Best of 2025
    2025/12/26

    Kontaktéiert eis

    2025 war e ganz besonnescht Joer fir de Minett Mash-Up: mir waren eng Kéier an all Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a mir hunn an all Episod d’Regioun, d’Biosphär an hir Decideuren an de Fokus geréckelt. Dëse „Best Of 2025“ erënnert un déi politesch a mënschlech Reesen, un d’Beruffer, d’Weeër an d’Industriekultur, déi de Minett ausmaachen.

    Dëse „Best Of 2025“ faasst déi flottst a relevanst Momenter aus den 11 Episode vun dësem Joer zesummen a weist: d’Minett Biosphere ass net nëmmen eng Regioun, mee e Liewensraum, an deem Industriekultur, Biodiversitéit an engagéiert Politikerinnen a Politiker zesummewierken, fir déi nächst Kapitele vun der Regioun ze gestalten.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    39 分
  • Episod 43: Carlo Feiereisen X Schëffleng
    2025/11/28

    Kontaktéiert eis

    Schëffleng, als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn.

    Eis “Minett-Location” vum Mount: De Lallengerbierg

    Am 43. Episod vum Minett Mash-Up Podcast si mer op de Lallengerbierg geklotert, deen eis Location vum Mount ass. Dëst beléift Erhuelungsgebitt, wat 282 Hektar grouss ass, bitt net just eng fantastesch Vue, ass 282 Hektar grouss an ass en Doheem ronn 500 verschidde Päiperleksaarten. Et ass doriwwer eraus d‘Haaptsiidlungsgebitt vun der Bëschléierchen zu Lëtzebuerg. Verschidde Wanderweeër, wéi de Minett Trail oder den Auto-pédestre Schëffleng, maachen dës Plaz zu engem Highlight fir Naturfrënn an d’Awunner vun den Dierfer, déi um Fouss vum Lallengerbierg leien.

    An dësem Episod gi mer op d’Wichtegkeet vum Lallengerbierg fir Schëffleng an, net nëmme wéinst senger natierlecher Schéinheet, mee och als Symbol fir d’Verbindung tëscht Natur an der industrieller Vergaangenheet vun der Regioun. De Buergermeeschter Carlo Feiereisen gëtt och gefrot, firwat säi Choix fir d’Opnam op dës Plaz gefall ass a wat de Lallengerbierg him perséinlech bedeit.

    Eise Gaascht: Carlo Feiereisen

    Eise Gaascht an dësem Episod ass de Carlo Feiereisen, deen zënter Uganks August Buergermeeschter vu Schëffleng ass. Am Interview schwätze mir iwwer seng nei Roll, déi hien no enger geplangter Transitioun vum fréiere Buergermeeschter Pol Weimerskirch iwwerholl huet. Hien erzielt, wéi hien sech an deene puer Méint zënter senger Ernennung an der neier Positioun erëmfonnt huet a wéi dës Transitioun, déi am Koalitionsaccord festgehale war, ofgelaf ass.

    Nieft sengem Posten als Buergermeeschter ass de Carlo Feiereisen och Member am Verwaltungsrot vun der Agora an am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD. Am Podcast diskutéiere mat him iwwert seng Visioun fir Schëffleng bis 2029, spezifisch Häerzensprojeten, déi hie realiséiere wëll an de regionalen Developpement vum Lëtzebuerger Süden, virun allem wat de Reamenagement vun industrielle Frichen ugeet, a wéi Schëffleng seng industriell Vergaangenheet mat moderner Stadentwécklung verbënnt, um Beispill vum Projet Metzeschmelz.

    Weider Themen an eisem Gespréich sinn seng berufflech Vergaangenheet als Infirmier Anästhesist, d’Internationalitéit vun der Gemeng mat iwwer 10.000 Awunner, an Infrastrukturprojete wéi den internationale Lycée, dee geschwënn op Schëffleng kënnt. Mir schätzen och iwwer d’Symbolik vun der Schëfflenger Schmelz als Verbindung tëscht vergaangener Aarbecht an der Zukunft an de Carlo Feiereisen deelt och seng perséinlech Verbindung zum Industrie-Patrimoine mat eis.

    De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

    Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
    https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

    Followed eis op Instagram

    続きを読む 一部表示
    37 分