エピソード

  • #196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun
    2026/07/10

    Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar.

    De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft etQueer Perspektiven op d’Menstruatioun invitéiert. D’Ekipp vu Méi Wéi Sex a Rosa Lëtzebuerg hunn hir Gäscht mat op eng Rees duerch queer Menstruatiounserfarungen geholl. D’Diskussiounsronn gouf opgeholl an gëtt um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi Sex ausgestraalt.

    Dësen Event gouf am Kader vun der Ausstellung Et Leeft organiséiert. D'Ausstellung ass nach bis de 19. Juli 2026 am Luxembourg City Museum ze gesinn.

    An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer den emotional Floorplan.

    続きを読む 一部表示
    56 分
  • #195: Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit)
    2026/06/26

    Mir hunn a Méi Wéi Sex scho vill iwwer Sexualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad queer Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d'chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou Medikamenter ze huelen, a wéi affektéiert dat d Bezéiung zu Sexualitéit a Kierper? Den Elie, Lynn a Robin ginn an dëser Episod op dës Themen an a verzielen vun hiren Erfahrungen mat hire respektive Medikamenter.

    An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Neuro Kink.

    続きを読む 一部表示
    51 分
  • #194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat?
    2026/06/12

    Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass.

    An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet. Shownotes

    ILGA Rainbow Map ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review) Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg

    Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik.

    続きを読む 一部表示
    42 分
  • #193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen
    2026/05/29

    Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht.

    An der Rubrik erklärt den Elie, wat Figging ass a wéi een*t dat am beschten ugeet.

    続きを読む 一部表示
    46 分
  • #192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben
    2026/05/15

    Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch.

    An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass

    Shownotes LA Times: 20 years of data on same-sex marriage Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married?

    続きを読む 一部表示
    50 分
  • #191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten
    2026/05/01

    Gebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme Birthplans, Gebuertstechniken, lëschteg Anekdoten a nach villes méi op den Dësch.

    Quellen an interessant Artikelen: Medizinische Informationen zur Peridural Anästhesie in der Geburtshilfe - CHL Quality of maternal and newborn care around the time of childbirth in Luxembourg during the COVID- 19 pandemic - Maryse Arendt, Barbara Tasch, Francesca Conway, Aline Lecomte, Benedetta Covi, Ilaria Mariani, Emanuelle Pessa Valente, Marzia Lazzerini Beyond autonomy: Care ethics for midwifery and the humanization of birth - Elizabeth Newnham, Mavis Kirkham Obstetric and gynaecological violence in the EU - Silvia Brunello, Magali Gay-Berthomieu, Beth Smiles, Eneidia Bardho, Clémence Schantz, Virginie Rozee Self-determination: an increasingly important aspect of childbirth - Isabell Spilker Hypnobirthing: Schmerzfreie Geburt unter Hypnose?

    続きを読む 一部表示
    39 分
  • Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3)
    2026/04/17

    Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen?

    Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to Shine” vum Rachel Reid - “Pucking Around” vum Emily Rath - “Deep End” vum Ali Hazelwood - “Sweat” vum Jonah Yorke - “Cleat Cute” vum Meryl Wilsner Filmer: - Personal Best (1982) - Water Lilies (2007) - Challengers (2024) Artikelen: - “A Brief History of Slash Fiction. The horny girls who walked so Heated Rivalry could run.” vum Bethy Squires (am New York Magazine). - “Heated Rivalry and the erotics of equality Masculinity, care and love under late capitalism” vum Yalda Keshavarzi (am shado magazine). - “He's the voice of romantasy audiobooks' biggest heartthrobs. He's never been busier” vum Vanessa Romo (bei npr). Real-life lesbian heated rivalries: - Julie Chu & Caroline Ouellette - Savolainen & Anna Kjellbin Weider Quellen, déi mer am Hannerkapp haten: - “What’s up with the Heated Rivalry houses?” vum Kendra Gaylord op Youtube - “Heated Rivalry x The Puritanical Eye with Hope Rehak” vum Material Girls Podcast

    続きを読む 一部表示
    58 分
  • #189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?
    2026/04/03

    Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode.

    An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen.

    続きを読む 一部表示
    49 分