• ING Night Marathon – Méi erwaart, manner kritt?
    2025/06/23
    Den ING Night Marathon zu Lëtzebuerg ass fir vill e Highlight am Joer – fir eis war et dëst Joer éischter eng Erausfuerderung. Jil konnt net finishen, an Laura war mat der Organisatioun net zefridden. An dëser Episode schwätze mir éierlech iwwert eis Erfarung: Wat huet net gepasst? Wéi hu mir eis gefillt? A virun allem – wat kéint een an Zukunft besser maachen? Et geet ëm realistesch Kritik, emotional Momenter a Gedanken, déi ee sech just mécht, wann et net leeft wéi geplangt. Eng Episod fir all déi, déi och schonn enttäuscht vun engem Event heem gaange sinn – oder sech froen, wéi een domat ëmgeet.
    続きを読む 一部表示
    37 分
  • Vun Hamburg bis Venedeg – Eng emotional Rees
    2025/06/16
    An dëser Episod huele mir iech mat op zwou ganz ënnerschiddlech, mee emotional gläich ustrengend Reesen: Jil war um Start vum Hamburg Marathon, während Laura an Venedeg um Ironman 70.3 um Start stoung. Zwee Events, eng gemeinsam Erkenntnis: net alles leeft ëmmer no Plang. Mir schwätzen iwwert mental Hürden, kierperlech Limiten, frustrant Momenter – mee och déi kleng Siegen ënnerwee. Wat léiert een aus engem „Down“, a firwat bleiwe mir trotzdeem motivéiert? Lauschter eran a loosst iech vun eiser Éierlechkeet inspiréieren – well och dat gehéiert zum Sport.
    続きを読む 一部表示
    34 分
  • Bens Training Strategy: De Schlëssel fir en staarke Comeback
    2025/02/10
    Verletzungspausen mussen net d’Enn vun dengem Sport bedeiten! An dëser Episode schwätze mir mat engem Expert, deen eng innovativ Approche an der Reha entwéckelt huet. Den Ben hëlleft Teamsportler an Leefer, séier a staark zréckzekommen – net mat klassescher Physio, mee mat gezielten Trainingstrategien. 🏋️‍♂️💪 Mir tauchen an seng Method an, diskutéieren, firwat klassesch Therapie net ëmmer d’Léisung ass, a wéi säi personaliséierten Online-Coaching Athleten hëlleft, hir Bestform erëmzefannen. 🎯
    続きを読む 一部表示
    42 分
  • CrossFit Wildfox Wooltz: Wou Kraaft a Gemeinschaft sech treffen
    2025/02/03
    An dëser Episod hu mir d’Coachen a Grënner vu CrossFit Wildfox zu Wiltz am Gespréich! Mir schwätzen iwwer CrossFit an HYROX. 💪 Wat erwaart dech an dëser Episod? 🔹 Wat ass CrossFit eigentlech a fir ween ass et gëeegent? 🔹 Wat ass HYROX? Dësen Episode gëtt dir en exklusiven Abléck an eng vun de stäerkste Communitys am Fitnessberäich! Egal ob Ufänger oder fortgeschratt Athlet, hei kritt jidderee wertvoll Tipps an Inspiratioun. 🚀
    続きを読む 一部表示
    39 分
  • Hannert d’Kulissen vun AASL: D’Geheimnisser hannert engem Laf-Event
    2025/01/27
    An der neister Episod vu mengem Podcast geet et ëm d’Organisatioun vun engem grousse Laf-Event. Wéi vill Aarbecht steet wierklech dohannert? Wéi reagéiert een, wann ee spontan plangen an ëmorganiséiere muss? A wat fir nei Iwwerraschungen erwaarden d’Participanten dëst Joer? Kritt e ganz besonneschen Abléck an d’Welt vun der Eventorganisatioun – dës Folleg verréit Geschichten, déi der ni virdru kannt hutt!
    続きを読む 一部表示
    47 分
  • Elias Scheer: Vu Sportpassioun zu enger Stëmm fir d’LGBTIQ+-Community
    2025/01/20
    Haut steet dem Elias Scheer am Mëttelpunkt – en aussergewéinlechen Athlet, dee vu senger Zäit als Basketballspiller an der Lëtzebuerger Damennationalekipp bis hin zu senger Participatioun um Ironman eng onheemlech Rees duerch Sport, Identitéit a Selbstakzeptanz gemaach huet. Mir schwätzen iwwer seng Léift zum Triathlon, seng Virbereedung op d'grouss Herausforderungen, an seng Engagementer fir d'LGBTIQ+-Community. Eng inspiréierend Geschicht iwwer Courage, Passioun a wéi Sport d’Kraaft huet, Grenze ze iwwerwannen. Lauschtert eran an léiert dem Elias seng Rees an seng Missioun kennen!
    続きを読む 一部表示
    36 分
  • Vincent Koks: Vu Schwammbunn op Triathlonstreck: Eng Rees duerch Héichten a Déiften
    2025/01/13
    An dëser Episod deelt Vincent Koks seng beandrockend Rees als Athlet, déi vu senge fréi Erfolleger am Schwammsport bis hin zu de groussen Erausfuerderunge geet, déi hien huet misse meeschteren. Hien erzielt, wéi de Sport him als Kand mam ADHS gehollef huet, seng Motivatioun ze fannen, an wéi hien sech no enger schwiereger Zäit erëm opgeriicht huet, fir seng Leeschtungen am Ausdauersport ze erreechen. Seng Geschichten iwwer onvergiesslech Momenter am Schwammsport an déi nei Ziler am Triathlon si spannend an inspiréierend. Lauschtert elo eran a léiert Vincent a seng Rees besser kennen! 🎧
    続きを読む 一部表示
    55 分
  • Vu Réckbléck op Virsätz: De Rammericher Silvesterlaf 2024
    2025/01/01
    De Rammericher Silvesterlaf ass e festen Highlight am lafenden Joer, an dës Kéier hunn ech net nëmmen matgemaach, mä och mat den Athleten an Organisateuren geschwat. An dëser Episode huelen ech Iech mat hannert d’Kulissen vun dësem schwieregen a gläichzäiteg faszinéierende Rennen. Lauschtert d'Réckblécker vun de Participanten op hiert Joer 2024, hir sportlech Héichpunkten, a wat si sech fir 2025 virgeholl hunn. Zum Schluss soe mir och e grousse Merci un d’Organisatioun, déi all Joer e perfekten Ofschloss vum Joer fir d’Laufszene suergt. Eng inspiréierend Episod, déi Iech motivéiert, neit Joer mat voller Energie unzegoen!
    続きを読む 一部表示
    15 分