『Déi gutt Mod』のカバーアート

Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

著者: Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
無料で聴く

このコンテンツについて

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.Lëtzebuerger Journal マネジメント マネジメント・リーダーシップ 社会科学 経済学
エピソード
  • #32 Paus: Déi aner Säit vun der Medaille
    2025/10/29
    De Congé de Maternité steet virun der Dier, d’Preparatiounen am Betrib komme sou lues op en Enn an déi éischt Upassungen droen hir Friichten. Eng Fro vun enger Nolauschterin stéisst eng Diskussioun un doriwwer, ob esou eng Paus de beruffleche Wee verännert, wou se bremst, wou se e Neiufank méiglech mécht, a firwat Gläichstellung nach ëmmer net selbstverständlech ass.
    続きを読む 一部表示
    35 分
  • #31 Leadership a Famill: Tëscht Paus a Perspektiven feat. Maxi Pesch
    2025/09/17
    An dëser Episod schwätze mir iwwert eis Erfarungen, wéi eng Féierungspositioun organiséiert ka ginn, wann ee vun eis an de Congé de Maternité geet. Am Gespréich geet et ëm déi temporär Ëmstrukturéierung am Betrib, d’Learnings aus dëser Zäit an d’Chance fir d’Weiderentwécklung vun der Ekipp. Mir diskutéieren och, wéi vill Fräiheet entsteet, wann ee säi Poste selwer verdeele kann an decidéiert, wéi genee déi Struktur soll ausgesinn. Eng aner wichteg Dimensioun si Virurteeler géint Fraen an hiren 30er an d’Virstellung, si kéinte “schwanger ginn“. Wéi beaflossen esou Gedanken a Musteren d’Karriärweeër? Et kann och anescht goen: Eng bewosst Ëmgestaltung vun der Aarbechtsplaz an eng oppen Diskussioun iwwer Rollen a Verantwortung kënnen d’Betribskultur stäerken an d’Zesummenaarbecht verbesseren.
 Zousätzlech schwätze mir mat der Journalistin Maxi Pesch iwwer säi Podcast 1000 Deeg. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wat Kanner an den éischten 1000 Deeg fir hir Entwécklung brauchen, a wéi dat mat der Iddi vun enger nohalteger Zukunft zesummenhänkt. D’Maxi deelt seng Erfarunge beim Opbau vu senger eegener Mark, enger engagéierter Community, erkläert, firwat hat de Podcast lancéiert huet, a weist op Sujeten hin, déi nach méi staark nobausse gedroe musse ginn. Hei geet et bei de Podast: 1000 Deeg: https://open.spotify.com/show/0qdq91nqa2PzmRDBOpADRP?si=8fc5c4b6d12a4c57
    続きを読む 一部表示
    41 分
  • #30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership
    2025/08/19
    An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen. Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesch Autonomie an d'Fro vun Diversitéit a Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg. D'Yuriko Backes deelt och, wéi si hire Wee an d'national Politik gaangen ass, eng Decisioun, bei där d'Famill eng wichteg Roll gespillt huet. Zousätzlech schwätzt si ganz oppen iwwer hir perséinlech Erfarungen an der Menopause an d'Auswierkungen, déi dës Phas an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.
    続きを読む 一部表示
    39 分
まだレビューはありません