#4 Delvin Skenderovic: „Mäi ganzt Liewen huet sech ëmmer ronderëm de Fussball gedréint.“
カートのアイテムが多すぎます
カートに追加できませんでした。
ウィッシュリストに追加できませんでした。
ほしい物リストの削除に失敗しました。
ポッドキャストのフォローに失敗しました
ポッドキャストのフォロー解除に失敗しました
-
ナレーター:
-
著者:
Fir déi véiert Episod huet de Ben sech een Invité un d'Säit geholl, deen am lëtzebuergesche Fussball quasi alles gesinn a gewonnen huet: Den Delvin Skenderovic. Hien erzielt vun den Héichten an Déiften aus senger Karriär & hëlt eis mat op säi Wee vum Spiller zum Direkter vun der Racing-Akademie & Co-Trainer vun der éischter Ekipp.
Lauschtert elo déi véiert Episod vu „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus wéi den Delvin vum jonken Nowuessspiller zu enger gestanener Gréisst am lëtzebuergesche Fussball ginn ass, wat hien dofir huet missen opferen, firwat hie bereet war alles fir eng Victoire ze maachen & wat hien um Terrain ausgezeechent huet. Ech wënschen iech vill Spaass.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.
0'40" - Dofir ass Fussball fir den Delvin méi wéi just Sport.
2'05" - Jugendfussball beim FC Schëffleng & beim F91 Diddeleng.
5'15" - Vum Offensivspiller zum Defensivspiller.
7'15" - Den Iwwergang vum Jugend- an de Seniorsberäich.
9'50" - Dräi Joer UN Käerjeng: Duerchbroch, Ofstig & Opstig.
16'20" - Nächst Statioun: Péiteng.
19'10" - De Retour op Diddeleng & wéi sech ee Veräin aus Lëtzebuerg zwee Mol fir d'Europa League qualifizéiere konnt.
34'50" - De Racing als lescht Statioun.
52'35" - Den Delvin beschreift säi Wee als Spiller an zitt ee Fazit.
59'20" - Dem Delvin seng Dram-Ekipp.
68'45" - Maach de Saz fäerdeg.
71'35" - Dem Delvin seng duebel Roll um Racing.
72'20" - D'Roll als techneschen Direkter vun der Racing-Akademie.
94'30" - D'Roll als Co-Trainer vun der éischter Ekipp.
101'25" - Pronostic.
104'10" - Schlussfollgerung.
107'50" - Outro.