#3 Nathalie Neumann: „Zu Abu Dhabi eng Course ze fuere war onbeschreiflech a wéi een Dram.“
カートのアイテムが多すぎます
カートに追加できませんでした。
ウィッシュリストに追加できませんでした。
ほしい物リストの削除に失敗しました。
ポッドキャストのフォローに失敗しました
ポッドキャストのフォロー解除に失敗しました
-
ナレーター:
-
著者:
An der drëtter Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass d'Nathalie Neumann op Besuch. Am Gespréich mam Ben gëtt hat exklusiv Ablécker an hir Karriär als ambitionéiert Fra am Automobilsport & schwätzt iwwer hir Ziler am europäeschen NASCAR. D'Lëtzebuergerin huet Motorsport am Blutt & ëmmer eng enk Verbindung zu hirem Rennwon.
Lauschtert elo déi drëtt Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi et sech ufillt, um Yas Marina Circuit eng Course ze fueren, wat d'Nathalie mëscht, wann et op der Streck e bësse méi knapp zougeet & wéi hat nieft dem Motorsport och eng Léift zum Hyrox entwéckelt huet. Ech wënschen iech vill Spaass.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.
0'50" - Den Ufank vum Nathalie senger Karriär am Autocross.
3'00" - De grousse Schrëtt an de Radical Cup UK.
5'35" - Dem Nathalie seng gréisste Lektioun & den Ëmgang mat Accidenter.
9'30" - Firwat opgi fir d'Nathalie ni eng Optioun ass.
10'30" - Anekdoten & Ritualer.
14'15" - De nächste Schrëtt an d'NASCAR Euro Series.
18'55" - Dem Nathalie säi Fuerstil.
20'40" - Eng Ronn um Yas Marina Circuit & wat eng perfekte Ronn ass.
24'25" - Training, Virbereedung & Hyrox.
29'40" - Entweder, oder?
38'15" - Wéi kënnt een als Fra vu Lëtzebuerg an déi grouss Motorsportwelt?
40'20" - Ass d'Formel 1 iwwerhyped?
43'30" - Wéi bleift d'Nathalie gär bei de Leit an Erënnerung?
44'05" - Outro.