『#2 Mirko Mosr: „D'Goldmedail zu Sofia war ee groussen Highlight a menger Karriär & a mengem Liewen.“』のカバーアート

#2 Mirko Mosr: „D'Goldmedail zu Sofia war ee groussen Highlight a menger Karriär & a mengem Liewen.“

#2 Mirko Mosr: „D'Goldmedail zu Sofia war ee groussen Highlight a menger Karriär & a mengem Liewen.“

無料で聴く

ポッドキャストの詳細を見る

概要

„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ geet an déi zweete Ronn. Mam Mirko Mosr vun de Beaufort Knights diskutéiert de Ben iwwer interessant Themen aus dem Äishockey & Momenter, déi d'Karriär vum Nationalspiller gepräägt hunn. Egal wou de Mirko um Äis steet, hie lieft säi Sport zu 100 Prozent.


Lauschtert elo déi zweet Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi een d'Zäit op laangen Auswäertsreesen an d'Belsch iwwerbréckt, wat ee gudden Äishockey-Spiller ausmëscht & ween um Enn d'Olympesch Spiller 2026 gewënnt. Ech wënschen iech vill Spaass.


Den Opbau vun der Episod:


0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.


1'10" - D'Chronologie vum Mirko senger Karriär.


11'25" - D'Zäit bei der Nationalekipp.


15'35" - Entweder, oder?


22'20" - Äishockey ganz einfach erkläert.


28'20" - Dem Mirko seng Roll um Äis.


29'35" - Déi wichtegst Fäegkeeten um Äis.


33'40" - Witzeg Anekdoten aus dem Mirko senger Karriär.


39'35" - Kläppereien & de Mann am Gol.


46'20" - Dem Mirko säin Dram-Trio & säi beschte Géigespiller.


49'50" - Wee géif de Mirko a seng All-Star-Ekipp opstellen?


57'20" - De Faktor Mentalitéit am Äishockey.


62'25" - Den Héichpunkt & den Déifpunkt am Mirko senger Karriär.


66'00" - Wéi beschreift sech de Mirko um Äis?


66'45" - Ausbléck op d'Zukunft.


68'25" - Pronostic fir d'Olympesch Spiller & Diskussioun iwwer d'NHL.


80'15" - Outro vun der zweeter Episod.

まだレビューはありません